Calendar Modules

1. Tour Indoor Fillettes

INDOOR FILLETTES 2024/2025

Samschdes, de 25. Januar 2025 spillen eis Meedercher am 1. Tour vum Indoor Fillettes an der Grupp A zu Mamer géint d'Ekippen Jeunesse Junglinster, FC Mamer 32, Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG, Union Remich/Bous, US Sandweiler an Ent. Feulen/Grevels/Heiderscheid/Mertzig.

Déi éischt 2 Ekippen aus deenen zwou Gruppen qualifizéieren sech fir d'Finale déi de Weekend vum 9. März 2025 gespillt gëtt. Lass geet et um 09h00. Eis Meedercher spillen um 09h12 deen éischte Match an um 12h36 dee leschte Match.

Hei sinn alleguer d'Matcher an der Iwwersiicht:

09h12: Jeunesse Junglinster - SC ELL

10h12: SC ELL - Entente Feulen/Grevels/Heiderscheid/Mertzig

10h48: US Sandweiler - SC ELL

11h24: SC ELL - Entente Wormeldange/Munsbach/CSG

12h00: Union Remich/Bous - SC ELL

12h36: SC ELL - FC Mamer 32

De Programm mat alleguer de Matcher an de Gruppen fannt dir uewen als PDF.

Retour