Calendar Modules

2. Tour Indoor Jeunes Filles

INDOOR JEUNES FILLES 2023/2024

Sonndes, den 28. Januar 2024 spillen eis Meedercher am 2. Tour vum Indoor Jeunes Filles an der Grupp C zu Huewel géint d'Ekippen FC Blo-Wäiss Izeg, Young Boys Dikrech, Ent. Déifferdeng/Luna an Atert Bissen. Eis Meedercher sinn als Titelverteideger an des Campagne vum Indoor Jeunes Filles gestart.

Déi éischt 2 Ekippen aus de Gruppen A, B an C qualifizéieren sech fir d'Finale déi den 2. oder 3. März 2024 gespillt gëtt. Lass geet et um 09h00. Eis Meedercher spillen um 09h20 deen éischte Match an um 11h40 dee leschte Match.

Hei sinn d'Matcher an der Iwwersiicht:

09h20: SC ELL - Ent. Differdange/Luna

10h00: SC ELL - FC Blo-Wäiss Izeg

10h40: Young Boys Diekirch - SC ELL

11h40: Atert Bissen - SC ELL

De Programm mat alleguer de Matcher an de Gruppen fannt dir uewen als PDF.

Retour