SC Ell News

  • scell.lu
  • D1: De Spillplang fir d'Saison 2024/2025 ass raus!

D1: De Spillplang fir d'Saison 2024/2025 ass raus!

par Philippe Jaaques

Saison 2024/2025 – Ligue 1

Wéi och déi lescht Saison, spillen eis Meedercher an der Saison 2024/2025 an der 1.Divisioun. Do treffen eis Meedercher op d'Ekippen Racing FC Union Luxembourg I, FC Mamer 32 I, Jeunesse Junglinster, Young Boys Diekirch I, FC Differdange 03 I, Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG/Biwer I, Swift Hesperange, Union Mertert-Wasserbillig an Ent. Hosingen/FF Norden.

Gespillt gëtt zu 10 Ekippen. No 18 Matcher (Hin- a Réckronn) ginn Play-Off's gespillt. Déi éischt 4 Ekippen spillen an Hin- a Réckmatcher em den Titel (6 Matcher). D'Punkten an d'Goaldifferenz ginn iwwerholl. D'Ekippen op de Plazen 5 - 10 spillen an engem Match géint all Ekipp den direkten Ofsteiger, respektiv de Barragiste aus. Den Tabellenleschten steigt of, den Tabellenzweetleschten spillt Barragematch géint den Tabellenzweeten aus der 2.Divisioun.

Lass geet et Samschdes, de 7. September 2024 mat engem Heemmatch géint d'Entente Wuermer/Mënsbech/CSG/Biwer I. Den éischten Auswiertsmatch ass dann eng Woch méi spéit Samschdes, de 14. September 2024. De leschte Match virun der Wanterpaus gëtt den 23. November 2024 gespillt. Start am neie Joer ass den 8. Februar 2025. De leschte Championnatsmatch vun der regulärer Phase ass den 22. März 2025 firgesinn, duerno geet et dann weider mat de Play-Off's.

07.09.2024, 19h00 : SC ELL - Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG/Biwer I

14.09.2024, 19h00 : FC Mamer 32 I - SC ELL

21.09.2024, 19h00 : Swift Hesperange - SC ELL

28.09.2024, 19h00 : SC ELL - FC Differdange 03 I

05.10.2024, 19h00 : Racing FC Union Luxembourg I - SC ELL

12.10.2024, 19h00 : SC ELL - Union Mertert-Wasserbillig

19.10.2024, 19h00 : Ent. Hosingen/FF Norden - SC ELL

26.10.2024, 19h00 : SC ELL - Jeunesse Junglinster

02.11.2024, 19h00 : Young Boys Diekirch - SC ELL

 

09.11.2024, 19h00 : SC ELL - FC Mamer 32 I

16.11.2024, 19h00 : SC ELL - Swift Hesperange

23.11.2024, 19h00 : FC Differdange 03 I - SC ELL

08.02.2025, 19h00 : SC ELL - Racing FC Union Luxembourg I

15.02.2025, 19h00 : Union Mertert-Wasserbillig - SC ELL

22.02.2025, 19h00 : SC ELL - Ent. Hosingen/FF Norden

08.03.2025, 19h00 : Jeunesse Junglinster - SC ELL

15.03.2025, 19h00 : SC ELL - Young Boys Diekirch

22.03.2025, 19h00 : Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG/Biwer I - SC ELL

D'Championnatsmatcher vun der Saison 2024/2025 sinn och lo am Kalenner hei um Internetsite agedro a kënnen op den Handy, respektiv Tablet oder PC rofgeluede ginn.

Retour