SC Ell News

  • scell.lu
  • D1: Opdeelung vun den Divisiounen 2024/2025

D1: Opdeelung vun den Divisiounen 2024/2025

par Philippe Jaaques

Gëschter um Méinden, 5. August 2024, huet d'FLF d'Opdeelung vun den Divisiounen vun den Dammen bekannt ginn. Eis Dames 1 spillen an der Saison 2024/2025 wéi och déi Joeren virdrun an der 1.Divisioun.

An der 1.Divisioun treffen eis Meedercher op folgend Ekippen:

Racing FC Union Luxembourg I, FC Mamer 32 I, Jeunesse Junglinster, Young Boys Diekirch I, FC Differdange 03 I, Ent. Wormeldange/Munsbach/CSG/Biwer I, Swift Hesperange, Union Mertert-Wasserbillig, Ent. Hosingen/FF Norden

Gespillt gëtt zu 10 Ekippen. No 18 Matcher (Hin- a Réckronn) ginn Play-Off's gespillt. Déi éischt 4 Ekippen spillen an Hin- a Réckmatcher em den Titel (6 Matcher). D'Punkten an d'Goaldifferenz ginn iwwerholl. D'Ekippen op de Plazen 5 - 10 spillen an engem Match géint all Ekipp den direkten Ofsteiger, respektiv de Barragiste aus. Den Tabellenleschten steigt of, den Tabellenzweetleschten spillt Barragematch géint den Tabellenzweeten aus der 2.Divisioun.

Mir freeën eis op eng flott a spannend Saison 2024/2025. Den éischte Championnatsmatch gëtt Samschdes, de 7. September 2024 gespillt. Soubal de Spillplang raus ass, kritt dir deen natiirlech hei matgedeelt.

Hei nach eng Kéier d'Opdeelung vun eiser Divisioun an der Iwwersiicht:

Retour