SC Ell News

  • scell.lu
  • D2: Opdeelung vun den Divisiounen 2024/2025

D2: Opdeelung vun den Divisiounen 2024/2025

par Philippe Jaaques

Gëschter um Méinden, 5. August 2024, huet d'FLF d'Opdeelung vun den Divisiounen vun den Dammen bekannt ginn. Wéi och déi Saison virdrun spillt eis zweet Ekipp vun den Dammen an der Saison 2024/2025 an der Série 1 vun der 3.Divisioun.

Des Saison spillen eis Meedercher géint folgend Ekippen:

Sporting Mertzig, Atert Bissen, Minerva Lintgen, Racing Troisvièrges, FC Kehlen, Red Star Merl-Belair II, FC Wiltz 71

Wéi och déi Saison virdrun spillt all Ekipp 3x géinteneen (Aller - Retour - Aller) sou dass 21 Championnatsmatcher gespillt ginn.

Déi éischt zwou Ekippen aus der 3.Divisioun (also de Gewënner vun der Série 1 an de Gewënner vun der Série 2) steigen an d'2.Divisioun op. De Beschten Tabellenzweeten aus den 2 Sérien spillt an engem Barragematch géint den 8. aus der 2.Divisioun em den Opstiig.

Mir freeën eis op eng flott a spannend Saison 2024/2025. Den éischte Championnatsmatch gëtt Samschdes, de 14. September 2024 gespillt. Soubal de Spillplang raus ass, kritt dir deen natiirlech hei matgedeelt.

Hei nach eng Kéier d'Opdeelung vun eiser Divisioun an der Iwwersiicht:

Retour