S1: Opdeelung vun den Divisiounen 2024/2025
par Philippe Jaaques

Haut um Dënschden, 25. Juni 2024, huet d'FLF d'Opdeelung vun den Divisiounen bekannt ginn. Wéi och déi Joere virdrun spillt de Sporting Club Ell an der Saison 2024/2025 am 1.Beziirk vun der 2.Divisioun.
Des Saison spillen eis Männer géint folgend Ekippen:
AS Wincrange, AS Rupensia Lusitanos Larochette, AS Colmarberg, Minerva Lintgen, Green-Boys 77 Harlange-Tarchamps, FC Pratzerthal-Redange, Racing Troisvièrges, Olympia Christnach-Waldbillig, US Boevange-Attert, US Rambrouch, US Folschette, US Reisdorf, Racing Heiderscheid-Eschdorf
Des Saison net méi derbei sinn den FC Biekerech an den FC Les Ardoisiers Pärel déi ofgestiige sinn sou wéi d'Alliance Äischdall Habscht-Äischen an den FC Orania Veianen déi opgestiige sinn. Dofir sinn nei derbei d'Ofsteiger AS Wëntger, AS Rupensia Lusitanos Fiels an d'AS Colmer-Bierg an den Opsteiger Racing Heischent-Eschduerf.
Mir freeën eis op eng flott a spannend Saison 2024/2025. Soubal de Spillplang raus ass, kritt dir deen natiirlech hei matgedeelt.
Hei nach eng Kéier d'Opdeelung vun eiser Divisioun an der Iwwersiicht: