Sylvesterlaf Rammerech & Réidener Wanterlaf
par Philippe Jaaques
Léiw Memberen, Supporter a Frënn vum SC ELL, wéi och déi Joren virdrun participéiert den SC ELL um Sylvesterlaf an um Wanterlaf.
--------------------
40. Silvesterlaf - Sonndes, den 31. Dezember 2023 zu Rammerech:
All Leit déi interesséiert sinn ënnert dem Numm vum SC ELL ze starten sollen sech beim Alain Even mellen. Den SC ELL iwerhëllt och nees d'Umeldungskäschten fir all Participant deen eng Lizenz, Memberskaart oder Supporterkaart vum SC ELL huet, sech ënnert dem SC ELL aschreift an ënnert de Faarwen vum SC ELL matleeft.
De Silvesterlaf gëtt zu Rammerech gelaf an den Depart ass um 15h00. Et sinn 10 km an et geet mol méi mol manner biergop biergof. Hei ass ëmmer eng super Ambiance op der Streck, a virun allem nieft der Streck.
Fir dëse Laf, sollt dir Iech bis spéitstens Sonndes, de 17. Dezember 2023 beim Alain Even umellen, entweder per Telefon um 661 170 572 oder per E-Mail: evenal@pt.lu
Weider Informatiounen fannt dir op www.sylvesterlaf.lu
--------------------
Réidener Wanterlaf - Sonndes, den 7. Januar 2024 zu Réiden un der Atert:
De Wanterlaf geet zu Réiden beim Atert-Lycée fort. Hei ginn et dëst Joer 4 Distanzen (Parcours) déi ee lafen oder walken kann: 6, 10, 14 oder 19km!
Den Depart fir de Walking ass Moies um 08h45 an den Depart fir de Running ass Moies um 10h00.
Den SC ELL mëscht heimat säi järlechen soziale Beitrag an bezilt all Participant, deen eng Lizenz, Memberskaart oder Supporterkaart vum SC ELL huet, sech ënnert dem SC ELL aschreift an ënnert de Faarwen vum SC ELL matleeft, d'Startgeld. Mir sollen och dëst Joer nees zesummen ee schéine Sonnden Moien mat Kolleegen, Frënn a Famill zu Réiden verbréngen an dofir gëllt och nees ... mellt Iech un!!!
Fir dëse Laf, sollt dir Iech bis spéitstens Freides, den 22.Dezember 2023 beim Mandy Antony umellen um 621 385 327 oder per E-Mail: mandy.antony@yahoo.com
Weider Informatiounen fannt dir op: http://www.4runner.lu
!!! Ze soë bleiwt: All Spiller a Spillerin vum SC ELL muss um Wanterlaf derbei sinn, ob lafen oder walken !!!